On That Day - 7. JanuarAloe Blacc, France Gall & Black Eyed Peas

Haut op engem 7. Januar...

07.01.2020, 04:30:24

© Robyn BECK / AFP

Lauschtert eran!

Haut um 7. Januar feiert den amerikanesche Museker Aloe Blacc Gebuertsdag, hie kritt 41 Joer. 2013 ass hien duerch de Song “Wake Me Up” bekannt ginn, deen hien zesumme mam Avicii opgeholl hat. “Wake Me Up” huet a ville Länner héich Chart-Placéierungen erreecht, ënnert anerem an Däitschland, a Groussbritannien an a Schweden hat de Song et op d’Eent gepackt. An Däitschland ass “Wake Me Up” eng vun deene meescht-verkaafte Singlen iwwerhaapt.

Zwee Joer sinn et hir, datt di franséisch Musekerin France Gall am Alter vu 70 Joer u Kriibs gestuerwen ass. Mam Titel “Ella, elle l’a” hat d’France Gall et 1988 op di éischt Plaz an den däitschen Charts gepackt.

A mir bleiwen an Däitschland: Am Joer 2011 stoungen do nämlech d’Black Eyed Peas um 7. Januar mat hirem Titel “The Time (Dirty Bit)” op der Eent an den Charts. “The Time (Dirty Bit)” war eng Single-Auskopplung aus dem sechste Black Eyed Peas-Album “The Beginning”. Am Ganze konnte si sech fir 4 Wochen ganz uewen an den Charts halen.

An haut viru 4 Joer huet d’Ellie Goulding d’Lidd “Love Me Like You Do” erausbruecht. “Love Me Like You Do” ass de Soundtrack vum Film “Fifty Shades Of Grey”, deen et ënnert anerem fir 6 Wochen op d’Plaz 1 an den däitschen Charts gepackt hat.