On That Day - 8. JanuarElvis Presley, Bruno Mars & David Bowie

Haut op engem 8. Januar...

Leschten Update: 08.01.2020, 08:54:48

© STF / AFP

Lauschtert eran!

Haut
hätten zwee ganz grousser aus der Musekswelt Gebuertsdag gefeiert. Den Elvis Presley wier haut 85 Joer al ginn. De “King Of Rock ‘n’ Roll” war um 16. August 1977 dout a sengem Buedzëmmer a senger Wunneng zu Memphis fonnt ginn. Offiziell ass hien un Häerzversoe gestuerwen.

An och den David Bowie hätt haut Gebuertsdag gefeiert, hie wier 73 Joer al ginn. Den David Bowie ass ee vun deenen aflossräichste Museker aus der Rock- a Popmusek. A senger ronn 40-järeger Karriär huet hie 26 Alben erausbruecht a méi ewéi 150 Millioune Placke verkaaft. Um 10. Januar 2016, zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag, ass den David Bowie u Liewerkriibs gestuerwen.

Um 8. Januar 1977 stoung de Leo Sayer mat sengem Titel “You Make Me Feel Like Dancing” op der Eent an den amerikanesche Single-Charts. De Leo Sayer ass e brittesche Singer/Songwriter, dee virun allem an de 70er an ufanks den 80er Jore grouss Erfolleger feiere konnt. Fir de Song “You Make Me Feel Like Dancing” krut de Sayer och e Grammy.

An haut virun 9 Joer hat de Bruno Mars et mat sengem Song “Grenade” op d’Plaz 1 an den USA gepackt. “Grenade” war eng Single-Auskopplung aus dem Bruno Mars sengem Debut-Album “Doo-Wops & Hooligans”. Och an Däitschland, an der Schwäiz an a Groussbritannien hat de Mars et mat “Grenade” ganz uewen an d’Charts gepackt.