On That Day - 10. JanuarRod Stewart, Black Eyed Peas & Fatboy Slim

Haut op engem 10. Januar...

10.01.2020, 04:30:29

© Thomas SAMSON / AFP

Lauschtert eran!

Haut feiert de Sir Rod Stewart Gebuertsdag, hie kritt 75 Joer. Mat iwwer 120 Millioune verkaafte Placken an néng Nummer 1-Albumen gehéiert hien zu de “best-selling music artists of all time”. 2016 ass de Rod Stewart zum Ritter geschloe ginn. Aktuell steet de Stewart wéinst enger Kierperverletzungs-Affär a Florida viru Geriicht.

Um Dag vun haut virun 21 Joer stoung de Fatboy Slim op der Eent an de brittesche Single-Charts, dat mat sengem Hit “Praise You”. Am selwechte Joer sollt de Fatboy Slim fir “Praise You” 3 MTV Video Music Awards gewannen.

Um 10. Januar viru 16 Joer haten d’Black Eyed Peas et mat hirem Titel “Shut Up” fir 2 Wochen op di éischt Plaz an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt. Net nëmme bei eis zu Lëtzebuerg hat de Song Erfolleg, och ënnert anerem an Australien, an Däitschland an a Schweden haten d’Black Eyed Peas et mat “Shut Up” op d’Eent gepackt. “Shut Up” ass um drëtte Black Eyed Peas-Album “Elephunk” drop, iwweregens deen éischten Album op deem d’Fergie matgewierkt hat.

Haut viru 6 Joer huet “The Boss”, de Bruce Springsteen, säin 18. Album mam Titel “High Hopes” erausbruecht. Di 12 Tracks op “High Hopes” sinn net nei, mee et sinn alles Lidder déi bei fréiere Produktiounen iwwereg bliwwe sinn.