On That Day - 11. JanuarBackstreet Boys, Mary J. Blige & Pet Shop Boys

Haut op engem 11. Januar...

11.01.2020, 06:30:50

© Frederic J. BROWN / AFP

Lauschtert eran!

Haut
feieren direkt e puer Museker Gebuertsdag:
D’Mary J. Blige kritt der 49, de Mark Forster feiert seng 36 Joer, de brittesche Kënschtler Newton Faulkner kritt der 35 an de Gamal “Lunchmoney” Lewis feiert seng 32. Bekannt ginn ass hie mat sengem Song “Bills”.

Den 11. Januar war e gudden Dag an der Karriär vun de Pet Shop Boys. Op deem Dag am Joer 1986 hate si et nämlech mat hirem Titel “West End Girls” op d’Eent an de UK-Single-Charts gepackt, si konnte sech fir 2 Woche ganz uewen halen.

An och zwee Joer duerno, um 11. Januar 1988, sollten d’Pet Shop Boys et ganz uewen an d’Charts packen. Dës Kéier an Däitschland mat hirem Song “Always On My Mind” fir ganzer 6 Wochen.
Mat méi ewéi 100 Millioune verkaafte Placken gehéieren d’Pet Shop Boys zu deenen erfollegräichste Bands aus Groussbritannien. An hirer Karriär hu si ënnert anerem dräi BRIT-Awards gewonnen.

An dann nach eng Nummer 1 aus eisem Eldoradio Chartbreaker. Do stoungen d’Backstreet Boys um 11. Januar 1997 mat hirem “Quit Playing Games” fir 1 Woch op der Plaz 1. “Quit Playing Games” war deen alleréischten Nummer 1-Hit vun de Backstreet Boys.