On That Day - 12. JanuarDie Ärzte, Zayn & Thierry van Werveke

Haut op engem 12. Januar...

Leschten Update: 12.01.2020, 06:32:01

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut
feiert de brittesche Museker Zayn Malik säi 27. Gebuertsdag. Hien ass als Member vun der Boygroup One Direction bekannt ginn. Zanter 2015 ass de Zayn awer als Solo-Kënschtler aktiv. Mat der Single “Pillowtalk” genee esou ewéi mat sengem Album “Mind of Mine” hat hien et a Groussbritannien an an den USA op di éischt Plaz an den Charts gepackt.

12 Joer sinn et hir, datt d’Ärzte et mat hirem Titel “Junge” fir 5 Wochen op d’Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt haten. “Junge” ass um eeleften Ärzte-Album “Jazz ist anders” drop. Nieft der Düsseldorfer Band Die Toten Hosen gehéieren d’Ärzte zu deenen erfollegräichsten däitsche Bands mat Wuerzelen am Punk-Rock. Am November an am Dezember ginn d’Ärzte op grouss Däitschland-Tour, d’Ticketen waren innerhalb vun e puer Minutten ausverkaaft.

Haut ass de Lëtzebuerger Schauspiller Thierry van Werveke 11 Joer dout! No laanger Kriibskrankheet ass den “Trouble Maker” a “Knockin’ On Heaven’s Door” Schauspiller an der Nuecht vum 11 op den 12 Januar 2009 gestuerwen, hie sollt 50 Joer al ginn.

An haut viru 7 Joer stoung d’Birdy mat sengem Titel “Poeple Help The Poeple” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker. Et war dee Song, mat deem d’Birdy säi groussen Duerchbroch feiere konnt. “Poeple Help The Poeple” ass u sech eng Cover-Versioun vun der englescher Band Cherry Ghost.