On That Day - 13. JanuarFalco, Ed Sheeran & Britney Spears

Haut op engem 13. Januar...

13.01.2020, 04:30:58

© Stefanie LOOS / AFP

Lauschtert eran!

Um 13. Januar 1986 stoung de Falco mat sengem Titel “Jeanny” fir 8 Wochen op der Plaz 1 an den däitsche Single-Charts. Den Hiz war op sengem 3. Album „Falco 3“ drop. Et war deen eenzegen Album vum Falco deen et an d’UK Charts gepackt hat. An den US Billboard 200 Charts sollt den Album et esou guer op d’Plaz 3 packen. Nieft „Jeanny“ war och „Rock Me Amadeus“ um Album drop.

Haut feiert dann den Julian Perretta Gebuertsdag. De brittesche Museker kritt haut 31 Joer.

Nieft dem Julian Perretta feieren dann haut och nach e puer Schauspiller Gebuertsdag. De Patrick Dempsey kritt 54 Joer, dem Katy Perry säi Mann den Orlando Bloom feiert haut säin 43. Gebuertsdag, de Joko Winterscheid kritt der 41 an de Liam Hemsworth feiert säi ronnen 30.

7 Joer sinn et dann haut hier, datt de Will.i.am an d’Britney Spears mam Song “Scream & Shout” op der Eent an de UK-Single-Charts stoungen. Och an Däitschland, an Éisträich an an der Schwäiz hate si et mat “Scream & Shout” ganz uewen an d’Charts gepackt.

An um 13. Januar virun 3 Joer hat den Ed Sheeran et mat “Shape Of You” op d’Plaz1 an de britteschen Charts gepackt. “Shape Of You” ass bis haut deen erfollegräichsten Hit vum Ed Sheeran, fir deen hien och e Grammy gewonnen huet.