On That Day - 14. JanuarDave Grohl, Queen & Imagine Dragons

Haut op engem 14. Januar...

14.01.2020, 04:30:38

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut feiert den Dave Grohl Gebuertsdag. De fréiere Batteur vun Nirvana an aktuelle Frontmann vun de Foo Fighters kritt haut 51 Joer. A senger Karriär huet den Dave Grohl mat de Foo Fighters ënnert anerem ganzer 11 Grammys gewonnen. Mat engem Verméige am dräi-stellege Millioune-Beräich zielt hien nom Ringo Starr an dem Phill Collins zu deene räichste Batteuren iwwerhaapt. Op der Rolling Stone-Lëscht vun den 100 beschten Drummer vun allen Zäiten steet den Dave Grohl op der Plaz 27.

Um 14. Januar 1978 stounge Queen mat hirem legendäre Song “We Are The Champions” op der Eent an den US-Single-Charts. Den Titel ass um 77er Queen-Album “News Of The World” drop an zielt bis haut zu deene bekanntste Produktioune vun der Band.

Haut viru 24 Joer haten Oasis et mat hirem Album “(What’s the Story) Morning Glory?” op di éischt Plaz an de UK-Album-Charts gepackt. Dorop sinn ënnert anerem d’Singelen “Don’t Look Back in Anger” a “Wonderwall”. Mat “(What’s the Story) Morning Glory?” haten Oasis esouguer nach méi groussen Erfolleg ewéi mat hirem Debut-Album “Definitely Maybe”.

A genee 4 Joer sinn et hir, datt d’Imagine Dragons an der Rockhal waren. Si hunn deemools hiren zweeten Album “Smoke + Mirrors” presentéiert.