On That Day - 19. JanuarJanis Joplin, Dolly Parton & Mac Miller

Haut op engem 19. Januar...

19.01.2020, 06:00:36

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut hätt d’Janis Joplin säi 77. Gebuertsdag gefeiert. Nieft dem Jimi Hendrix war hat eng vun deenen zentrale Figuren aus der Hippie-Zäit. Op der Rolling-Stone-Lëscht vun deenen 100 gréisste Museker vun allen Zäiten steet d’Janis Joplin op der Plaz 46. De 4. Oktober 1970 ass hat am Alter vu 27 Joer un enger Iwwerdosis Heroin gestuerwen.

Mam Dolly Parton feiert dann haut eng weider grouss Kënschtlerin Gebuertsdag, d’Country-Sängerin kritt 74 Joer. An hirer Karriär huet d’Dolly Parton méi ewéi 100 Milliounen Albe verkaaft an och ganzer 8 Grammys gewonnen.

Haut hätt dann den amerikanesche Rapper Mac Miller 27 Joer kritt. De Museker, deen 2012 fir en Optrëtt um Rock a Field Festival war, ass um 7. September 2018 un enger Iwwerdosis gestuerwen. Genee ewéi d’Famill vum verstuerwene Rapper viru kuerzem annoncéiert hat, ass leschte Freiden deen éischte posthumen Album vum Mac Miller erauskomm, en heescht „Circles“.

Genee 3 Joer sinn et dann hier, datt den Ed Sheeran e Streaming-Rekord an Däitschland opgestallt huet, dat mat sengem Song “Shape Of You”. De Song ass an der éischter Woch nom Release 4,2 Millioune Mol gestreamt ginn, esou dacks ewéi nach ni e Lidd virdrun. Déi viregt Nummer 1 vu Major Lazer hat nëmmen 2,8 Millioune Streams. “Shape Of You” ass dem Ed Sheeran säin erfollegräichste Song, fir deen hien 2018 och e Grammy krut.