On That Day - 18. JanuarEagles, Stevie Wonder & Dire Straits

Haut op engem 18. Januar...

18.01.2020, 06:00:40

© AFP/Archives/ANGELA WEISS

Lauschtert eran!

Haut ass de Glenn Frey 4 Joer dout. De Grënnungs-Member vun den Eagles ass um 18. Januar 2016 un de Suitte vun enger Longenentzündung gestuerwen, hie sollt 67 Joer al ginn. Mat den Eagles huet de Glenn Frey iwwer 150 Milliounen Alben a Single verkaaft. Mat iwwer 40 Millioune Sales ass hire Greatest Hits Album mat Songs vun 1971-75 bis haut dee meescht-verkaaften Album an den USA. De Glenn Frey war awer och als Solist erfollegräich, zanter dem Joer 2000 gehéiert hien zur Songwriters Hall of Fame.

An à propos Hall of Fame: Mat grad emol 38 Joer ass de Stevie Wonder haut virun 31 Joer als jéngste liewege Museker iwwerhaapt an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. Mat him sinn och ënnert anerem d’Rolling Stones an den Otis Redding Member ginn.

Um 18. Januar am Joer 1975 stoung den amerikanesche Pop-Duo Carpenters mat hirem Titel “Please Mr. Postman” op der Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts. An de 70er Jore waren d’Carpenters déi amerikanesch Band, déi am meeschte Placke verkaaft huet. 1983 krute si ee Stär um Hollywood Walk of Fame.

34 Joer sinn et dann hir, datt d’Dire Straits mat hirem fënneften Album „Brothers In Arms“ fir ganzer 10 Wochen op der Eent an de UK-Album-Charts stoungen. Do sinn ënnert anerem di grouss Hits „Walk of Life” a “Money for Nothing” drop. “Brothers In Arms” ass deen erfollegräichsten Album vun den Dire Straits, e sollt sech iwwer 30 Millioune Mol verkaafen.