On That Day - 20. JanuarGary Barlow, Mattafix & Leoniden

Haut op engem 20. Januar...

20.01.2020, 04:30:58

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut huet de Gary Barlow Gebuertsdag. De Sänger a Songwriter vun Take That kritt 49 Joer. A senger Karriär huet de Barlow aacht Nummer 1-Alben a véierzéng Nummer 1-Single produzéiert. Mat iwwer 50 Millioune verkaafte Placken a knapp 10 Millioune verkaafte Concerts-Ticketen gehéiert de Gary Barlow zu deenen erfollegräichste brittesche Kënschtler.

38 Joer sinn et dann hier, datt den Ozzy Osbourne wéinst engem ongewéinleche Virfall an d’Spidol huet missen ageliwwert ginn. Wärend engem Concert am amerikanesche Bundesstaat Iowa hat e Fan eng doudeg Fliedermaus op d’Bün geheit. Well den Ozzy geduecht hat, si wier aus Gummi, wollt hien hir de Kapp ofbäissen. Eréischt dunn huet hie gemierkt, datt et eng richteg Fliedermaus war. No der Show huet den Osbourne dunn direkt missen an d’Spidol fir géint d’Tollwut geimpft ze ginn.

Um 20. Januar 2006 stoung de britteschen Duo Mattafix mat hirem Titel “Big City Life” fir 3 Wochen op der Eent an den däitsche Single-Charts. “Big City Life” sollt deen eenzege groussen Hit vu Mattafix bleiwen. Een Deel vum Duo war de Marlon Roudette, deen zanter 2011 als Solo-Kënschtler aktiv ass.

2 Joer sinn et dann hier, datt Leoniden et op d’Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt haten, dat mat hirem Song “Sisters”. Leoniden ass eng däitsch Indie-Rock-Band vu Kiel, déi zanter 2015 zesumme Musek maachen. Den Titel “Sisters” war op hirem Debut-Album drop.