On That Day - 21. JanuarDie Toten Hosen, Mika & Phil Collins

Haut op engem 21. Januar...

21.01.2020, 04:30:15

© Eldoradio

Lauschtert eran!

De brasilianesche Latin-Pop-Sänger Michel Teló feiert haut säin 39. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hie mat der Single “Ai Se Eu Te Pego!”. De Song war weltwäit e groussen Erfolleg. Ënnert anerem an Däitschland, an der Schwäiz an an Éisträich hat de Michel Teló et mam Song op di éischt Plaz an den Charts gepackt.

Um 21. Januar 1989 stoung dann de Phil Collins mat sengem “Two Hearts” fir 2 Wochen op der Eent an den amerikanesche Single-Charts. De Phil Collins, dee jo och als Genesis-Member bekannt ginn ass, huet a senger Karriär ronn 250 Millioune Placke verkaaft a gehéiert domat zu deene gréisste Kënschtler iwwerhaapt.

Haut virun 18 Joer hunn Die Toten Hosen hiren zéngten Album “Auswärtsspiel” erausbruecht, dat am Kader vun hirem 20. Gebuertsdag. Um Album sinn ënnert anerem d’Songs „Steh auf, wenn du am Boden bist“, „Nur zu Besuch“ an natierlech „Kein Alkohol (ist auch keine Lösung)!“. Nieft den Ärzte gehéieren Die Toten Hosen zu deenen erfollegräichsten däitsche Bands mat de Wuerzelen am Punk-Rock.

Um 21. Januar 2007 war et dann deen alleréischten Nummer 1-Hit fir de Mika. Mam Titel “Grace Kelly” hat hien et op d’Plaz 1 an de UK-Single-Charts gepackt. “Grace Kelly” war och deen drëtt-meescht-verkaafte Song vum Joer 2007 a Groussbritannien.