On That Day - 22. JanuarArctic Monkeys, Jessie J & "American Pie"

Haut op engem 22. Januar...

22.01.2020, 04:30:42

© Robyn BECK / AFP

Lauschtert eran!

Haut virun 48 Joer stoung den Don McLean mat sengem Album “American Pie” op der Plaz 1 an den US-Album-Charts. Mat drop war dem amerikanesche Folksänger säi gréissten Hit mam nämmlechte Numm “American Pie”, dee 4 Wochen op der 1 vun den US-Single-Charts stoung a vun der US Record Industrie, der RIAA, op d’Plaz 5 vun de beschte Songs vum Joerdausend gewielt gouf. De Song „American Pie“ dauert ganzer 8 Minutten an erzielt d’Geschicht vum Rock’n’Roll an de Joren 1959 bis 1969.

Um 22. Januar 2006 haten d’Arctic Monkeys et mat hirem Song „When The Sun Goes Down” op d’Plaz 1 an de brittesche Single-Charts gepackt. Den Titel war um Arctic Monkeys-Debut-Album „Whatever Poeple Say I Am, That’s What I’m Not” drop.

6 Joer sinn et dann hier, datt d‘Jessie J mat sengem „Domino“ op der Eent an de brittesche Single-Charts stoung. Nieft „Price Tag" a "Bang Bang” war „Domino“ ee vun de Songs, mat deenen d’Jessie J weltwäit bekannt ginn ass. 2019 war hat ee vun de Coaches an der drëtter Staffel vun der Casting-Show „The Voice Kids UK“.

Haut viru 4 Joer haten Eff et mat hirem Lidd "Stimme“ op di éischt Plaz an den däitsche Single-Charts gepackt. Eff war en däitsche Museks-Projet, deen de Mark Forster an de Felix Jaehn 2015 gegrënnt haten. „Stimme“ konnt sech 3 Wochen op der Eent halen.