On That Day - 23. JanuarJames Brown, Michael Jackson & Santana

Haut op engem 23. Januar...

23.01.2020, 04:30:57

© Carl DE SOUZA / AFP

Lauschtert eran!

Haut ginn et 34 Joer, datt fir eng éischte Kéier Museker an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl gi sinn. Gegrënnt ginn ass den Archive schonn am Joer 1983 ma eréischt 3 Joer méi spéit huet ee mat Cleveland e permanent doheem fonnt. Fir hire besonnesche Bäitrag fir d’Musekswelt sinn um 23. Januar 1986 ënnert anerem de Ray Charles, den James Brown an den Elvis Presley an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. D’lescht Joer goufen ënnert anerem d’Janet Jackson, Radiohead an The Cure geéiert.

Um 23. Januar am Joer 1988 hat de Michael Jackson et mat sengem Titel “The Way You Make Me Feel” op di éischt Plaz an den US-Single-Charts gepackt. De Song war di drëtt Single-Auskopplung aus dem Jacko sengem siwente Studio-Album “Bad”. Fir “Bad” hat de King of Pop u sech iwwer 60 Songs geschriwwen, well hien doraus en Album mat dräi Deeler maache wollt. No Récksprooch mat sengem Produzent Qunicy Jones hu si et dunn awer bei enger CD belooss.

Genee 20 Joer sinn et dann haut hier, datt de Santana mat sengem Album „Supternatural“ op der Eent an den amerikaneschen Album-Charts stoung. Et war deen Album, deen dem Kënschtler säin aachte Grammy Award abrénge sollt. Op „Supernatural“ war ënnert anerem de Song „Smooth“ zesumme mam Rob Thomas. Am Ganze fir 9 Woche konnt de Santana sech mat „Supernatural“ op der Eent an den USA halen.