On That Day - 24. JanuarNeil Diamond, The Offspring & HIM

Haut op engem 24. Januar...

24.01.2020, 04:30:23

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut
feiert den amerikanesche Singer/Songwriter Neil Diamond säin 79. Gebuertsdag. Seng grouss Zäiten hat hie virun allem an de spéide 60er an an de 70er Joren, mat Hits ewéi “Cracklin’ Rosie”, “Song Sung Blue” oder “Sweet Caroline”. Mat ronn 130 Millioune verkaafte Placken ass den Neil Diamond ee vun deenen erfollegräichste Museker vun allen Zäiten.

21 Joer sinn et dann hier, datt The Offspring mat hirem Titel “Pretty Fly (For A White Guy)” op der Plaz 1 an de UK-Single-Charts stoungen. De Song war op hirem fënneften Album “Americana” drop a sollt en internationalen Hit ginn. Just an der Heemecht Amerika ass d’Lidd net mol an d’Top 50 vun den Charts geklommen. Am Juni 2018 waren d’Punk-Museker eng éischte Kéier fir e Concert hei zu Lëtzebuerg.

Haut viru genee 20 Joer hat di finnesch Rock-Band HIM et mat hirem Lidd “Join Me” op d’Plaz 1 an den däitschen Charts gepackt. Si konnte sech am Ganze fir 4 Wochen op der Eent halen.

Um 24. Januar 2008 hat d’P!nk et mat sengem Song “Sober” fir eng Woch op di éischt Plaz an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt. “Sober” war um P!nk sengem fënneften Album “Funhouse” drop.