On That Day - 1. FebruarK'naan, Blondie & Depeche Mode

Haut op engem 1. Februar...

01.02.2020, 06:00:32

© AFP/Archiv/ANGELA WEISS

Lauschtert eran!

Haut
feiert de somalesch-kanadesche Museker K’naan Gebuertsdag, hie kritt 42 Joer. Bekannt ginn ass hien duerch säi Song “Wavin’ Flag”, deen 2010 fir Reklamme fir d’Fussball-WM benotzt gi war. Et sollt awer leider säin eenzege groussen Erfolleg bleiwen. Och den Ex-One Direction Member Harry Styles feiert Gebuertsdag, hie gëtt haut 26 Joer al. Viru kuerzem huet hie säin aktuellen Album “Fine Line” erausbruecht.

40 Joer sinn et dann hier, datt di amerikanesch Band Blondie hiert Lidd “Call Me” erausbruecht hunn. “Call Me” war de Soundtrack vum Film “American Gigolo”, deen 1980 verëffentlecht ginn ass.

Um 1. Februar 1985 hat di éisträichesch Band Opus et an hirer Heemecht mam Mega-Hit “Live Is Life” op d’Plaz 1 an de Single-Charts gepackt, dat am Ganze fir 8 Wochen. Mat “Live is Life” haten Opus och international groussen Erfolleg. An Däitschland war et 1985 dee meescht-verkaafte Song vum Joer.

Haut viru 7 Joer hunn Depeche Mode hire Song “Heaven” released. Et war d’Lead-Single vun hirem 13. Album “Delta Machine”. Am Laf vun hirer Karriär hunn Depeche Mode iwwer 100 Millioune Placke verkaaft. Dëst Joer gëtt d’Band och an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.