On That Day - 6. FebruarBob Marley, Falco & "Zombie"

Haut op engem 6. Februar...

06.02.2020, 04:30:57

© Guillaume SOUVANT / AFP

Lauschtert eran!

Haut hätt de Bob Marley 75 Joer gefeiert. Den Jamaikanesche Reggae-Star ass am Joer 1981 am Alter vu 36 Joer un de Suite vu Kriibs gestuerwen. An de 70er ass de Bob Marley mat senger Band The Wailers grouss duerchgestart. “Buffalo Soldier”, “I Shot the Sheriff” a “No Woman, No Cry” sinn nëmmen dräi vu ville groussen Hits.

Gebuertsdag feiert dann haut och den amerikanesche Museker Axl Rose. Hien ass de Front-Mann a Grënner vun der Band Guns 'n' Roses, mat där hien iwwer 100 Millioune Placke verkaaft huet an 2012 an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn ass. Zanter dem Abrëll 2016 ersetzt den Axl Rose de Brian Johnson als Sänger vun AC/DC.

Haut gëtt och de brittesche Museker Rick Astley ee Joer méi al, hie kritt der 54. Den Astley hat virun allem Enn den 80er an ufanks den 90er Joren grouss Chart-Erfolleger, ënnert anerem mam Titel “Never Gonna Give You Up”. Fir dee Song sollt de Rick Astley 1988 e BRIT-Award fir Best British Single gewannen.

22 Joer sinn et dann hier, datt de Falco bei engem Autosaccident an der Dominikanescher Republik ëm d’Liewe komm ass. Beim Accident hat den éisträichesche Museker Alkohol a Kokain am Blutt.

Haut viru 25 Joer stoungen d’Cranberries mat hirem Lidd “Zombie” fir eng Woch op der Plaz 1 an den däitsche Single-Charts. Virun 2 Joer ass d’Front-Fra vun de Cranberries Dolores O’Riordan gestuerwen, d’Band huet sech doropshin opgeléist.