On That Day - 7. FebruarPaul Simon, P!nk & "Celebration"

Haut op engem 7. Februar...

07.02.2020, 04:30:10

© Valery HACHE / AFP

Lauschtert eran!

Um 7. Februar 1976 stoung de Paul Simon mat sengem “50 Ways To Leave Your Lover” fir eng Woch op der Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts. De Song war eng vun de Single-Auskopplungen aus dem Simon sengem véierten Album “Still Crazy After All These Years” a war gläichzäiteg säi gréisste Solo-Hit.

5 Joer méi spéit, um 7.02.1981, hate Kool & The Gang et mat hirem Titel “Celebration” fir 2 Wochen op d’Eent an den USA gepackt. Et war der Band hiren alleréischten Nummer 1-Hit. Kool & The Gang war eng amerikanesch Band, déi 1964 vun de Gebridder Robert a Ronald Bell gegrënnt ginn ass. Am Laf vun hirer Karriär huet d’Formatioun ronn 70 Millioune Placke verkaaft.

36 Joer sinn et dann hier, datt The Alan Parsons Project hire legendären Album “Ammonia Avenue” erausbruecht hunn. Do ass ënnert anerem de Song “Don’t Answer me” drop. The Alan Parsons Project gouf 1975 vum Alan Parsons a vum Eric Woolfson an d’Liewe geruff, 1990 huet d’Band sech opgeléist.

Haut viru 14 Joer huet d’P!nk seng Single “Stupid Girls” released. Mat 3 Grammys an iwwer 110 Millioune verkaafte Placken gehéiert d’P!nk zu deenen erfollegräichste Kënschtlerinnen iwwerhaapt.