On That Day - 9. FebruarTrio, Madonna & The Wombats

Haut op engem 9. Februar...

Leschten Update: 18.02.2020, 16:08:12

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Jason Merritt

Lauschtert eran!

Haut
ass deen alleréischte Rock ‘n’ Roll Star 39 Joer dout. De Bill Haley ass um 9. Februar 1981 a sengem Haus zu Harlingen an Texas un engem Gehier-Tumor gestuerwen. Hie sollt nëmme 56 Joer al ginn.

38 Joer sinn et hier, datt Trio de Song “Da Da Da” erausbruecht hunn - ee vun deene gréissten Erfolleger aus der Neuen Deutschen Welle.

Um 9. Februar 1985 hat d’Madonna et mat sengem zweete Longplayer “Like A Virgin” op di éischt Plaz an den US-Album Charts gepackt, dat am Ganze fir 3 Wochen. Och ënnert anerem an Däitschland an a Groussbritannien sollt d’Madonna et mam Album ganz uewen an d’Charts packen. Mat Hits ewéi “Material Girl” oder “Like A Prayer” sollt hat an den 80er Joren zum Mega-Star ginn an de Ruff als Pop-Ikone kréien. Nieft 7 Grammys an 2 Golden Globes ass d’Sängerin 2008 an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn. Dem Madonna säi Verméige gëtt op iwwer 1 Milliard US-Dollar geschat.

An haut virun zwee Joer hunn The Wombats hire véierten Album “Beautiful Poeple Will Ruin Your Mind” erausbruecht. Do waren ënnert anerem d’Lidder “Lemon to a Knife Fight” an “Turn” drop. The Wombats sinn eng englesch Indie-Rock-Band vu Liverpool, déi sech 2003 gegrënnt hunn.