On That Day - 13. FebruarRobbie Williams, Take That & Mando Diao

Haut op engem 13. Februar...

13.02.2020, 04:30:45

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut feiert de Robbie Williams säi 46. Gebuertsdag. 1990 ass hien als Member vun der Boy-Group Take That bekannt ginn, nodeems hien d’Band verlooss hat war hien awer och als Solo-Kënschtler zimmlech erfollegräich. Am Laf vu senger Karriär huet hie ronn 80 Millioune Placke verkaaft an 18 BRIT-Awards gewonnen, esou vill ewéi keen anere brittesche Kënschtler.

Um 13. Februar am Joer 1996, also um Robbie Williams sengem 22. Gebuertsdag, hunn Take That op enger Pressekonferenz hir Opléisung bekannt ginn. Take That ware mat 12 Nummer-1-Singlen a 6 Nummer-1-Alben eng vun deenen erfollegräichste Bands aus den 90er Joren. Zanter 2005 huet d’Band erëm zesummefonnt, allerdéngs bis op e puer Ausnamen ouni de Robbie Williams.

11 Joer sinn et dann hier, datt Mandi Diao hire fënneften Album mam Titel “Give Me Fire” erausbruecht hunn. Do sinn ënnert anerem d’Lidder “Dance With Somebody” a “Gloria” drop. Dëst Joer komme Mando Diao fir e Concert zréck bei eis op Lëtzebuerg. Den 2. Juli spille si op der Bün vum Festival de Wiltz a wäerten do hiren aktuellen Album “BANG” presentéieren. Ticketen ginn et op der Säit vum Atelier oder op eisem Site eldo.lu.

Haut viru genee 10 Joer haten Timid Tiger et mat hirem Song “Electric Island” fir 2 Wochen op d’Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt. Timid Tiger waren eng Kölner Band, déi mat “Electric Island” hiren eenzege groussen Hit haten.