On That Day - 14. FebruarMatchbox Twenty, Bon Jovi & Lenny Kravitz

Haut op Vältesdag...

14.02.2020, 04:30:20

© Eldoradio

Lauschtert eran!

Haut
feiert den amerikanesche Museker Rob Thomas säin 48. Gebuertsdag. Enn den 90er Joren ass hien als Sänger vun der Rockband Matchbox Twenty bekannt ginn. Mat Matchbox Twenty huet de Rob Thomas véier Alben erausbruecht an iwwer 20 Millioune Placke verkaaft.

Um 14. Februar 1985 huet d’Whitney Houston säin Debut-Album mam einfachen Titel “Whitney Houston” erausbruecht. Do ass ënnert anerem den Hit “How Will I Know” drop. Mat sengem Debut-Album sollt d’Houston et fir am Ganze 14 Wochen op d’Eent an den amerikanesche Billboard-Charts packen. Mat knapps 200 Millioune verkaafte Placken a 6 gewonnene Grammys gehéiert d’Whitney Houston zu deene gréisste Musekerinnen iwwerhaapt. Um 11. Februar 2012 ass d’Sängerin dout an der Bidde vun hirem Hotels-Zëmmer opfonnt ginn.

Haut virun 33 Joer huet d’Single “Livin’ on a Prayer” et fir 4 Wochen op d’Eent vun den US-Singles-Charts gepackt. De Kult-Hit vun der Rock Grupp Bon Jovi war op hirem drëtten Album “Slippery When Wet” drop, dee fir 8 Wochen an den USA op der Eent stoung. Et ass bis haut hire kommerziell erfollegräichsten Album vun der Band an och deen mat deem si hire weltwäiten Duerchbroch feiere konnten.

21 Joer sinn et dann hier, datt de Lenny Kravitz säin éischten Nummer-1-Hit a Groussbritannie feiere konnt, dat mat der Single “Fly Away”. Fir “Fly Away” sollt de Kravitz am selwechte Joer e Grammy fir Best Male Rock Performance kréien.