This Day in Music - 16. NovemberLeif Vollebekk, Queen & Jamiroquai

Haut op engem 16. November...

16.11.2018, 14:02:02

© Eldoradio

Number One viru genee 33 Joer an de US Single Charts fir Starship an hire “We built This City”. D’Lidd war hir Debut-Single drop a gouf vun engem US-Magazin an d’Lescht vun de “50 Most Awesomely Bad Songs Ever” gewielt.  Vum Rolling Stone Magazin huet d’Lidd et an d’Top 10 vun de “Worst Songs of the 1980s” gepackt.

 

De Queen “Greatest Hits” Album aus dem Joer 1981 ass haut 12 Joer an de UK ausgezeechent ginn. An zwar als Best Selling Album vun allen Zäiten. De Longplayer sollt 833 Wochen an de briteschen Charts vertruede sinn, dat ass bal 16 Joer! Den Album sollt iwwer 25 Millioune mol verkaf ginn an Hits drop hunn wéi „Bohemian Rhapsody“ „Another One Bites the Dust“ a vill weideren!

 

Jamiroquai hunn haut virun engem Joer hire wuel kierzte Concert an der Geschicht gespillt. No 2 Minutten ass de Museker ëm dem Jay Kay zu Münche kloer ginn, dat deen Optrëtt näischt kinnt ginn. De Grond: De Sänger hat Problemer mat de Stëmmbänner an huet keen Toun erauskritt. En huet sech no e puer Boos d’Zäit geholl a sech beim Publik entschelleg. En hat Versteesdemech fir d’Leit déi esou laang op si gewaart hunn an dann esou eng Enttäuschung erlieft hunn. Hien sollt dem Public verspriechen de Concert nozehuelen. Am Januar vun dësem Joer hu se dat Verspriechen ageleist.   

 

An e Joer ass et haut hier dat e klengen Eldo Geheimtipp: de Leif Vollebekk, kanadesche Museker zu Lëtzebuerg an de Rotonde gespillt huet. Hien sollt viru klengem Public säin Album „Twin Solitudes“ virstellen.