This Day in Music - 19. NovemberChuck Berry, Coldplay & Milli Vanilli

Haut op engem 19. November...

19.11.2018, 14:36:06

© PABLO PORCIUNCULA / AFP

Mat sengen 81 Joer sollt den US Rock and Roll Museker Chuck Berry haut virun 11 Joer zu Lëtzebuerg an der Rockhal spillen. Dobäi huet en dem Public 15 Lidder presentéiert. Op der Setlëscht stoung e.a säin „Johnny B. Goode“. De Berry sollt d’lescht Joer am Mäerz am Alter vu 90 Joer verstiewen.

 

Um 19 November 2011 si Coldplay fir eng 2. Kéier vun Iech mat hirem Hit „Paradise“ op d‘1 vum Eldo Chartbreaker gewielt ginn. D’Lidd sollt sech 11 Wochen an der Top 10 vum Chartbreaker halen an huet sech um Enn vum Joer op der 2 vum JoresChartbreaker klasséiert. Dat knapp viru Sunrise Avenue an „Hollywood Hills“ ma awer däitlech hannert dem Adele sengem „Someone Like You“. Am 25 Joer Eldo Chartbreaker huet „Paradise“ et op déi 4. Plaz gepackt.

 

A Milli Vanilli hunn haut virun 28 Joer hire Grammy Award fir de Song „Girl You Know It’s True“ oferkannt, well si de Song net selwer gesongen hunn, ma just esou gemaach hunn wéi wann. D’Versioun vun den däitsche Museker war e Nummer 1 Hit ginn, esou guer an den USA. Opgefall war hire Playback bei engem MTV Concert, wéi d CD hänke bliwwen ass. Dat war d’Enn vun de Museker.