This Day in Music - 20. NovemberBloodhound Gang, Adele & Pink

Haut op engem 20. November...

Leschten Update: 20.11.2018, 07:49:35

© ROBYN BECK / AFP

Haut um 20 November ginn et 19 Joer dat d’Bloodhound Gang mat hirem “The Bad Touch“ un d’Spëtz vun eisen Charts, vum Eldo Chart geklomme sinn. Am Eldo-Chartbreaker vum Album „Hooray for Boobies“ sollt 4 Wochen op der Plaz 1 bleiwen.

 

Haut virun 3. Joer ass den 3. Adele Album „25“ erauskomm. 5 Joer laang huet d’Musekerin dru geschafft gehat a sech pénktlech fir de Release och bei senge Fans entschëllegt, dat et esou laang gedauert hat.

Mam Album an dem Song „Hello“ huet d’Musekerin eng rei Rekorder gebrauch. Den éischte Release vum Album zielt wéi de Longplayer zu den erfollegräichste vun allen Zäiten. „Hello“ sollt e.a 3 Grammy Awards gewannen. Den Album selwer huet sech bis haut iwwer 22 Millioune mol verkaf. Op d’Musekerin un engem Nofolger schafft, ass akutell net gewosst.

 

A 17 Joer ass et op den Dag schonn hier dat e gewëssent Pink säin 2. Album „M!ssundaztood“ erausbruecht huet. Den Albun vun der deemools 22 Joer jonker Musekerin sollt e risege Succès ginn. Drop um Album sinn d’Hits „Get the Party Started“, „Don’t Let Me Get Me“, „Just Like a Pill“ a “Family Portrait”. Den Album zielt zu engem vun den erfollegräichste vun dësem Joerdausend. Iwwer 13 Millioune mol huet e sech verkaf.