This Day in Music - 21. NovemberEminem, Michael Jackson & Wamdue Project

Haut op engem 21. November...

Leschten Update: 21.11.2018, 13:39:21

© Torben Christensen / Ritzau Scanpix / AFP

De Chris Brann huet als Wamdue Project haut viru 19 Joer en Hit geliwwert gehat. „King of My Castle“ ass zur Nummer 1 an England ginn. D’Lidd war amfong schonn e Joer virdrun eraus komm, hat sech awer nëmmen 350 mol an der éischter Woch verkaf. Am Joer 99 gouf et nei gemixt, ass an éischte Clubs op der Welt ugelaf a gouf duerno zum Hit.

 

Dem Eminem säi 5. Studio Album mat de Singlen „Just Lose It“, „Like Toy Soldiers“ an „Ass Like That“ ass um 21 November 2004 zum Number One Album a senger Heemecht ginn. Et war säin 3. Album deen et op d’1 gepackt huet. An den éischten 2 Wochen gouf den Album 1,5 Millioune mol alleng an den USA verkaf. 11 Millioune mol gouf en an den éischten 11 Méint verkaf. Den Album ass den 12 November erauskomm an hat 5 Wochen duerno scho 4x Platin kritt.

 

An haut viru 35 Joer ass dem Michael Jackson säi 14 Minutte Video vu sengem „Thriller“ eng éischte Kéier zu gewise ginn. D Premiere war zu LA, do wou de Clip och gedréint ginn ass. De Clip war den éischte Museksvideo deen an d US National Film Registry fir déi besonnesch ënnerhalswäert Filmer opgeholl ginn ass.