This Day in Music - 22. NovemberDavid Bowie, Michael Hutchence & Mando Diao

Haut op engem 22. November...

Leschten Update: 22.11.2018, 05:00:07

Michael Hutchence, November 1998.© NEWS LTD / AFP

Et ass 37 Joer hier dat den David Bowie eng éischte Kéier mat enger anerer Band e Song erausbrénge sollt. E song deen an Däitschland am Studio zesumme mat Queen opgeholl gouf. Et handelt sech dobäi ëm d’Lidd „Under Pressure“. E Lidd dat um 22. November 1981 op d‘1 vun de UK Single Charts geklommen ass.

 

Haut ass den 21. Doudesdag vum fréieren INXS Sänger Michael Hutchence. De 37 järege Museker sollt sech a sengem Hotelszëmmer zu Sidney erhänken. Säin Dout gelt als Suicide, wou géint d’Mamm vu senger Duechter deemools awer virgaangen ass, ouni Erfolleg. Mat INXS sollt hien 12 Alben erausbréngen an iwwer 55 Milliounen Albe verkafen.

 

9 Joer ass et haut hir, dat Mando Diao viru ronn 3500 Fans zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt hunn. Beim Concert hu se déi deemoleg nei Songs wéi „Give Me Fire“ gespillt, ma awer och eeler Saache wéi hire „Long Before Rock’n Roll“. De Concert sollt deemools opgeholl ginn a war direkt no der Show iwwer USB Stick ze kréien. Als Virband stoungen d’Lëtzebuerger vun Eternal Tango op der Bühn.