This Day in Music - 23. NovemberGenesis, Michael Jackson & Clean Bandit

Haut op engem 26. November...

Leschten Update: 26.11.2018, 08:19:34

© Jewel SAMAD / AFP

5. Nummer 1 Album an de UK fir Genesis, haut viru 27 Joer. Hire „We Can’t Dance“ war de 14. Genesis Album mam Titeltrack an och “Jesus He Knows Me” mat drop. Et sollt de leschten Album mam Phil Collins sinn, deen d’Band 1996 verlooss huet.

Zäitgläich sollt dem Michael Jackson säi „Black or White“ fir déi 4. Kéier zur 1 vun de britesche Single Charts ginn! De Song war déi éischte Single vu sengem 8. Album “Dangerous”.

Eng Spëtzepositioun vu de UK Single Charts déi 15 Joer virdrun, also um 23. November 1976 vu Queen an hirem “Bohemain Rhapsody” fir 9. Wochen ageholl gouf.  

 

Haut an enger Woch brénge Clean Bandit hiren 2. Studio Album eraus. Mat hirem éischte Wierk „New Eyes“ sollten déi britesch Museker haut viru 4. Joer Live zu Lëtzebuerg am Atelier spillen. Um Longplayer drop war den Hit „Rather Be“, deem um Ufank vum Joer 2014 grouss duerchgestart ass. Beim Concert am Atelier waren eng 500 Leit matdobäi.

 

An haut huet d’Musekerin a Schauspillerin Miley Cyrus Gebuertsdag. Et ass säi 26 Gebuertsdag.