This Day in Music - 26. NovemberMichael Jackson, Elton John & Tina Turner

Haut op engem 26. November...

Leschten Update: 26.11.2018, 08:38:33

© JEAN-SEBASTIEN EVRARD / AFP

Den 8. Michael Jackson Album ass op engem 26 November erauskomm, dat war am Joer 1991. Drop um Album si nieft dem Titel Track och d Lidder „Rember the Time“ a „Black Or Wihte“.  Fir de Longplayer gouf eng Rëtsch Präisser. A wéi schonn d’Virgänger sollt och deen heite King of Pop Album sech gutt verkafen an zu engem Nummer 1 Album ginn.

 

Da sinn d Fans vum Elton John haut virun 12 Joer bei engem Concert zu Brisbane iwwerrascht ginn, wéi de Museker wärend dem Concert einfach vun der Bühn gestiermt ass. 5 Minutte laang wousst keen esou richteg wat lass wier. Duerno ass de Sir zréck op d’Bühn komm, huet sech entschëllegt an erkläert dat e net wëlles hat sech an déi 1 Rei vum Public ze iwwerginn. Dat wier méi dezent hannert der Bühn gewiescht. De Museker war krank, huet de Concert duerno awer uerdentlech zu Enn gespillt.

 

A mir hunn eng Rëtsch Musikalesch Gebuertsdeeg haut um 26. November:

Ugefaange mat der franséischer Musekerin Louane. Gebuer ënnert dem Numm Anne Peichert, kritt d’Musekerin haut 22 Joer.

Dann huet d'Rita Ora haut Gebuertsdag, et ass den 28.

D'Natscha Bedingfield kritt 37.


An d'Tina Turner, Museker a Schauspillerin ass 1 Joer virum 80 ukomm. D Tina Turner zielt mat Nummer 1 Single wéi „What’s Love Got to Do With It“ a iwwer 20 weideren Hits zu den erfollegräichste Musekerinnen vun allen Zäiten. 11 Grammy Awards huet di 79 järeg Musekerin gewonnen.