This Day in Music - 27. NovemberAdele, Jimi Hendrix & Duck Sauce

Haut op engem 27. November...

Leschten Update: 27.11.2018, 08:20:31

© ADRIAN DENNIS / AFP

Haut virun 8 Joer sinn Duck Sauce mat Barbra Streisand vun der 2 op d‘1 am Eldo Chartbreaker eropgeklommen. D’Lidd huet d’Kings of Leon mat Radioactive vun der Spëtz verdrängt gehat a sollt 2 Woche ganz uewe bleiwen, éier Empire Of The Sun mat „We Are The People“ d’Spëtz iwwerholl hunn.

 

Wat ze erwaarde war ass haut virun 3 Joer agetrueden. Genee 7. Deeg nom Release vum 3. Adele Album „25“ ass den Album an der britescher Heemecht op d‘1 vun den Charts geklommen. An der lescht vun de Best-Selling Albums a Groussbritannien steet den Album op der Plaz 14. Säin 21 aus dem Joer 2011 dogéint huet et op d‘4 vun der lescht gepackt. Insgesamt stoung 25 7 Wochen op der 1.

 

De  27 November wier de Gebuertsdag vum Museker Jimi Hendrix gewiescht. Hien hätt haut 76 Joer kritt. Den Hendrix ass um 18 September 1970 am Alter vu 27 Joer verstuerwen. Hien hat Schloftablette mat Alkohol gemëscht, sech am Schlof iwwerginn an ass dorun erstéckt.