This Day in Music - 28. NovemberDie Ärzte, Whitney Houston & Tarkan

Haut op engem 28. November...

Leschten Update: 29.11.2018, 06:58:33

© ABDELHAK SENNA / AFP

Den éischte Live Album vun den Ärzte „Nach uns die Sintflut“ ass haut virun 30 Joer an den däitschen Album Charts fir eng Woch op d’Plaz 1 geklommen. Den Album gouf et op Dräifach Vinyl oder Duebel-CD. 37 Lidder waren drop an 22 Ännerunge vum Original-Text. Esou huet an der Single „Zu Spät“ net „klappriges Damenrad“ ma „bayerisches Motorrad“ geheescht.

 

Fir 14. Wochen ass d’Whitney Houston op d‘1 vun de US Single Charts geklommen, dat war um 28. November 1992 mat sengem „I Will Alwasy Love You“ aus dem „Bodyguard“ Film. De Song ass am Original vum Dolly Parton vun 1973. D’Versioun vum Whitney Houston ass a bleift d’Best-Selling Single vun enger weiblecher Musekerin vun allen Zäiten.

 

Op dem 28.11.1998 ass dann och den Tarkan mat sengem „Simarik“ fir 2 Wochen op d‘1 vum Eldo Chartbreaker geklommen.D’Lidd war drop um Album Ölürüm Sana, wat esou vill bedeit wéi „Ech géif fir dech Stierwen“. Deen Album war dem türkesche Museker säin 3 a sollt sech weltwäit 4,5 Millioune mol verkafen.

A Concerten zu Lëtzebuerg hate mir der och an de leschte Joren, op de verschiddenste Plazen.

8 Joer ginn et, dat Faithless an der Rockhal gespillt hunn. Dat war net fir d’éischt op engem 28 November. Um nämmlechten Dag am Joer 1998 hate si och schonn am Atelier gespillt.
2012 ware Florence + The Maschine an der Rockhal.
An 1 Joer ass et haut hier, dat den Tim Bendzko am Theater an der Stad opgetrueden ass.