This Day in Music - 29. NovemberTaylor Swift, Beatles & Stefan Raab

haut op engem 29. November...

Leschten Update: 29.11.2018, 07:02:38

© Robyn Beck / AFP

4 Joer gëtt et haut dat d’Taylor Swift an de US Single Charts op d’Plaz 1 geklommen ass an zäitgläich awer och vun der 1 erofgefall ass. Säi “Blank Space” ass zur neier US Nummer 1 ginn an huet d’Virgängersingle „Shake It of“ vun der 1 gekickt. An der 56 järeger Geschicht vun de US Charts gouf et dat virdrun nach ni, dat eng weiblech Musekerin sech selwer un der Spëtz ofgeléist huet. „Blank Space“ sollt 6. Wochen, also bis an de Januar 2015 un der Spëtz bleiwen. Béid Songs sinn drop op sengem Album „1989“.

 

Op d‘1 an den USA sollten och d’Beatles op engem 29. November klammen. Dat ass awer am Joer 1969 gewiescht, also haut viru 59 Joer. Hire „Come Together / Something“ war hiren 18. Nummer 1 Hit. D’Idee fir de Song krut den John Lenon deemools wéi en Hippy Governor vu Kalifornien wollt ginn a mam Slogan “Come together, join the Party” géint de President Regan opgeruff huet.

 

Bei eisen däitschen Nopere ginn et haut 19 Joer dat de Showmaster Stefan Raab op d’1 vun den Charts geklommen ass. Dat mat Truck Stop an dem Song „Maschen-Draht-Zaun“. D’Lidd ass d’Resultat aus enger Geriichtsverhandlung déi op der däitscher Tele ausgestraalt ginn ass. De Raab sollt deemools e „Maschendrahtzaun“ Hype ausléisen.  De Song ass 7. Wochen op der 1 bliwwen.