This Day in Music - 30. NovemberMichael Jackson, Kings of Leon & Sido

Haut op engem 30. November...

Leschten Update: 03.12.2018, 12:17:46

© Eldoradio

Den 30. November haut, ass de Release Datum vum Michael Jackson sengem Album “Thriller”, dem vläicht erfollegräichste vun allen Zäiten? Dat war am Joer 1982. Rekord ëm Rekord an d’Lidder „Wanna Be Startin‘ Somethin'", "Baby Be Mine", "Trhiller", "Beat It", "Billie Jean "an och "P.Y.T" soen alles aus, oder?

 

Um 30 November 1994 ass den Tupac Shakur zu New York iwwerfall a fënnef mol ugeschoss ginn. De Rapper sollt déi Kéier nach Chance hunn an iwwerliewen. Knapp 2 Joer méi spéit, am September 96 hat hie manner Chance a sollt un de Suite vun enger weiderer Schosswaffen-Attack net iwwerliewen.

 

D’Joer 2013 war e richteg gutt fir d’Imagine Dragons. Hiren Debutalbum „Nightvisions“ mat Lidder wéi „Radioactive“ an „It’s Time“ sollt duerch de Plafong goen. Si sinn am Kader vun hirer Tour och op Lëtzebuerg komm. Um Dag vun haut viru 5 Joer huet den Atelier Si an der Rockhal presentéiert. 6.000 Fans waren dobäi.

 

An haut huet de Sido Gebuertsdag. Den däitsche Rapper kritt der 38.

Och Gebuertsdag vun de belsche Museker Felix De Laet. Hien ass bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Lost Frequencies. Hie kritt 25 Joer.