This Day in Music - 3. DezemberU2, Juli & Ozzy Osbourne

Haut op engem 3. Dezember...

Leschten Update: 03.12.2018, 12:20:19

© Mike Theiler / AFP

Bei engem U2 Concert haut viru 34 Joer zu New York, ass net alles esou gelaf, wéi ee sech dat gewënscht hat, an d Band konnt emol net dofir. Am Public sinn ëmmer nees Leit unenee geroden. D’Band ëm de Bono huet de Concert 2x ënnerbrach. An eréischt no villem Ariede vun der Band, huet d’Situatioun sech berouegt an de Concert konnt op en Enn gespillt ginn.

 

Mir bleiwe bei U2, ma sprangen an d’Joer 1999. E jonke Kärel hat dee Moment e gebrauchte Laptop fir bëlleg Sue kaf. En huet um gudde Stéck onverëffentlecht U2 Songs fonnt a festgestallt, dat dat de Laptop ass, deen dem U2 Sänger Bono aus sengem Auto geklaut gi war. En huet de Museker kontaktéiert an him säin Aarbechtsgeschir zréckginn. Als Merci krut en e neie Laptop geschenkt an 2000 als Finderlohn!

 

2 Ronn Gebuertsdeeg haut. D'Juli Sängerin Eva Briegel kritt 40 Joer. Mat senger Band huet d Musekerin 2004 mat „Perfekte Welle“ a „Geile Zeit“ 2 Hits gehat.

An den Ozzy Osbourne, fréiere Black Sabbath Sänger kritt der haut 70! Hien huet iwwer 100 Milliounen Alben a senger Karriär verkaf a steet mat Black Sabbath an der Rock and Roll Hall of Fame. Niewebäi ass en och duerch d’MTV Reality Show The Osbournes ëmmer nees an de Medie gewiescht.