This Day in Music - 4. DezemberPhil Collins, Justin Bieber & Jay-Z

Haut op engem 4. Dezember...

Leschten Update: 06.12.2018, 15:08:08

© Jewel SAMAD / AFP

10. Woche Plaz 1 an den däitsche Single Charts fir de Phil Collins a säin „Another Day in Paradise“. Dat ass haut 29 Joer hier! De Song war den éischte Release vum 4. Phil Collins Solo-Album “…But Seriously”. Et sollt dem Phil Collins säi 7. Nummer 1 Hit an den USA sinn an domat och de Leschten. 91 gouf et fir de Song e Grammy Award fir de Record of the Year.

 

Eriwwer an déi britesch Charts: Do ginn et haut 3 Joer dat dem Justin Bieber säi „Love Yourself“ zur 1 ginn ass. Vun der Plaz 1 huet hien sech dee Moment selwer gekickt. Säi „Sorry“ war virdrun un der Spëtz. De leschte Museker deenen dat gegléckt war, waren d’Beatles an de 60er Joren.

 

5 Joer ass et haut hier dat Clean Bandit hiren 1 Hit erausbruecht hunn. „Rather Be“ mam Jess Glynne. D’Lidd sollt fir d’Museker wéi och fir di britesch Sängerin Jess Glynne zur Durchbrochsingle ginn.

 

An haut huet den Jay-Z Gebuertsdag. Fir de Producer a Musekerin ass et de 49. Mat „Hard Knock Life“ hat en 99 en éischten Hit. Haut zielt hien zu de Best-Selling Artist vun allen Zäiten, huet 21 Grammy Awards gewonnen a säi Verméige mat senger Fra dem Beyoncé zesummen, gëtt op iwwert 1,6 Milliarde geschat.

Och den däitsche Rapper Marteria huet haut Gebuertsdag. Hie kritt der 36.