This Day in Music - 5. DezemberAdele, Pink & U2

Haut op engem 5. Dezember...

Leschten Update: 06.12.2018, 15:10:14

© Jean-Baptiste LACROIX / AFP

Haut ginn et 9 Joer dat d’Pink zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt huet. Am Kader vu senger Funhouse Tour huet den US Superstar 151 Concerte gespillt, an dovun deen een um 5. Dezember 2009 zu Lëtzebuerg. Nieft senge groussen Hits huet d Musekerin „Bohemian Rhapsody“ vu Queen gecovert gehat. A well den Zoufall et esou wëll an haut den éischte Mëttwoch vum Mount ass, héier dir op den Dag genee, 9 Joer no sengem Optrëtt zu Lëtzebuerg, d’Pink den Owend Live am Eldo Live, vun 10 Auer un.

 

No 45 Wochen an de briteschen Charts, an der dovun 23 op der 1, ass dem Adele säin Album „21“ haut viru 7 Joer zum Best Selling Album vun dësem Joerdausend an de UK ginn. Domat huet d’Adele dem Amy Winehouse säi „Back to Black“ vun der 1 ofgeléist. 21 huet sech iwwer 30 Millioune mol verkaf an Hits drop wéi „Rolling in the Deep“ a „Someone Like You“.

 

A genee deene UK Charts sinn U2 2004 mat “How to Dismantle an Atomic Bomb” op d’1 geklommen. Et sollt hire 9. UK Nummer 1 Album sinn. Den Album mat “City of Blinding Lights” a “Vertigo” drop krut e Grammy Award fir den Album vum Joer. Eigentlech war den Album schonn 2003 fäerdeg, ma d Museker ëm de Bono ware mam Resultat net zefridden an hunn mat neiem Producer alles op d’Kopp geheit. D’Resultat konnt sech weise loossen.