This Day in Music - 6. DezemberBeyoncé, Europe & Die Fantastischen Vier

Haut op engem 6. Dezember...

Leschten Update: 06.12.2018, 15:12:37

© JOHN MACDOUGALL AFP

An England si Europe mat hirem „Final Countdown“ haut virun 32 Joer zur 1 vun den Charts ginn. D’Schwedesch Museker sollten no Abba eréischt déi 2. Schwede sinn, déi et an England op d‘1 gepackt hunn. Inspiréiert huet „Final Countdown“ sech um David Bowie sengem „Space Oddity“ vu 1969.

 

10 Joer ass et haut hier dat d’Beyoncé mat sengem 3. Solo Album “I Am Sasha Fierce” an den USA op d’1 geklommen ass. Et war säin Hattrick op der 1 vun de US Album Charts. Virun him haten dat just d’Alicia Keys an d’Britney Spears gepackt. “I Am Sasha Fierce” sollt fir 7. Grammy Awards nominéiert ginn an der 5 gewannen. Um Album si Kollaboratioune mat der Jazz Musekerin dem Etta James an dem Beyoncé sengem Mann, dem Jay-Z.

 

A wa mir schonn den Tour duerch d’International Charts maachen, dann hunn ech de Moien nach d’Nummer 1 aus Éisträich vum 6. Dezember 1992: „Die Da!?“ vun de Fantastischen Vier. Et war den éischte groussen Hit vum Smudo a Co an den Ufank vun enger grousser Karriär.