Eldoradio ExklusivLupe Fiasco - Wild Child (feat. Jake Torrey)

De Rapper presentéiert eng 1 Singel aus dem neien Album "DROGAS Light"

Leschten Update: 01.02.2017, 15:59:38

Fakten
Fir den 10. Februar huet den Rapper säin neien Album "DROGAS Light" ugekënnegt. D'Single "Wild Child" iwwerzeegt mat engem poppegen, radiotaugleche Soundbild. Och den Text fält deementspriechend aus an erzielt vun den entspaanten Säiten vum Liewen – only positive vibes. Ofgeronnt gëtt dat Ganzt duerch een Hook vum Jake Torrey.

Aussergewéinleches

Säi Papp war een erfollegräichen afrikaneschen Batteur a Karateprof, seng Mamm eng Gourmet-Kächin. An der 8. Schoulklass huet de Lupe ugefaangen mat Rappen. Wierklech seriö verfollegt huet hien d'Saach awer réischt wéi hien 17 Joer al gouf.

Fréier Hits
Een éischten Hit hat de Lupe Fiasco 2006 mat der Single "Kick Push". Dono hat hien weider Hits wéi zum Beispill "Daydreamin" an "Superstar".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kid Cudi, Common, Lay-Z

Lauschtert eran: