Eldoradio Exklusiv - 9. Mäerz Zedd & Alicia Cara - Stay

Fir seng nei Single “Stay” huet sech de Zedd mat der kanadescher Sängerin Alessia Cara zesumme gedoen.

Leschten Update: 09.03.2017, 18:43:24

Fakten
Den DJ Zedd huet seng nei Single “Stay” presentéiert. A well hien ni selwer um Mikro steet, gëtt hien hei vun der kanadescher Musekerin Alessia Cara ënnerstëtzt. Wéi et zu där Zesummenaarbecht komm ass, weess ee bis elo net.

Aussergewéinleches
De Zedd ass musikalesch zwar beim EDM doheem. Inspiratioun fir seng Musek hëlt hien sech awer och gäre bei Gittaremusek vun Silverchair oder experimenteller Musek vu Radiohead.

Fréier Hits
De Zedd ass ee vun den ugesotsten däitschsproochegen DJen a Produzenten vun eiser Zäit. Ënner anerem seng Single “Clarity” gouf mat engem Grammy ausgezeechent. D'Alessia Cara kennt ee vu Singelen wéi “Scars To Your Beautiful”, “Wild Things” an “Here”.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Galantis, David Guetta

Lauschtert eran: