Eldoradio Exklusiv - 10. Mäerz AJR - Weak

Dësen New Yorker Trio mécht Elektropop mat catchy Melodien

Leschten Update: 10.03.2017, 09:20:33

Fakten
ARJ sinn d'Bridder Adam, Jack a Ryan. "Weak“, di 2. Single vun hirem 3. Album "What Everyone‘s Thinking“, kombinéiert eng catchy Pop-Melodie mat elektronesche Samples: "Spokestep“ nennen si dat selwer – Dubstep mat Lyrics.

Aussergewéinleches
Di 3 New Yorker maachen schonn hiert halleft Liewen laang zesumme Musek. Si hu sou laang am Central Park gespillt bis si eraus geflunn sinn. Mee bis dohin hate si genuch Geld verdéngt, fir sech dat néidegt Equipment zouzeleeën. Gutt sou, well d'Jongen maachen alles selwer, an hirer Stuff . AJR schreiwen a produzéieren net just all hir Lidder selwer, si schreiwen a produzéieren och fläisseg fir aner Kënschtler.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Walk The Moon, Dua Lipa, Grouplove

Lauschtert eran: