Eldoradio Exklusiv - 13. Mäerz Pink & Sia -Waterfall

Sia a Pink waren fir ee gemeinsame Song am Studio.

Leschten Update: 14.03.2017, 08:03:52

Fakten
Vum australesche Superstar Sia hat een n de leschte Wochen net méi vill héieren. An och di US-amerikanesch Sängerin Pink këmmert sech de Moment vrun allem ëm säin klénge Bouf. Elo hunn déi zwou Sängerinnen zesummen d'Single “Waterfalls” opgeholl, déi vum Songwriter-Duo Stargate geschriwwe  gouf. Och den Diplo vun Major Lazer stoung de Girls als Produzent zur Säit.

Aussergewéinleches
Egal ob Rihanna, Beyoncé, Coldplay, Selena Gomez oder Katy Perry. Vill Mega Staren gräifen op d'Hëllef vum norwegesche Produzenten-Duo Stargate zréck. Den Erik Hermansen an de Middel Eriksen maachen alles wat si upaken zu Gold. Elo hunn si di 2 Superstaren Pink a Sia fir ee gemeinsame Projet an de Studio geholl.

Fréier Hits
Fir d'Pink ass "Waterfall" dat éischt neit Lidd zanter sengem Hit  "Just Like Fire" aus dem leschte Joer. Seng Duett-Partnerin Sia ass zanter dem Hit "Chandelier net méi aus den Charts fort ze denken. Réischt kierzlech huet hatt ee Rekord opgestallt: Dem Sia säin Hit "Cheap Thrills" ass dat meescht "shazamte" Lidd vun der Welt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tove Lo, Rihanna, Lady Gaga

Lauschtert eran: