Eldoradio Exklusiv - 14. MäerzJason Derulo Feat. Nicki Minaj & Ty Dolla $ign - Swalla

Den Jason Derulo huet sech fir seng nei Single grouss Nimm an d'Boot geholl.

Leschten Update: 14.03.2017, 18:45:51

© Josh Edelson / AFP

Fakten
Scho bei de Grammy Awards huet den Jason Derulo um rouden Teppech vun der Zesummenarbescht mam Nicki Minaj an dem Ty Dolla $ign geschwäermt, elo ass de Song dann och dobaussen. D'Lidd wäert méiglecherweis um neien Nicki Minaj Album drop sinn. An op de Videoclip, dee geschwë komme soll, solle mir eis och freeën, esou den Jason Derulo. 

Aussergewéinleches
Den Jason Derulo huet e.a scho Lidder fir de Pitbull, de Lil Wayne oder och den Diddy geschriwwen. E war schonn a jonke Joren e gefrote Songwriter. Esou guer nach éier seng eege Musekskarriäre un d'Rulle komm ass. 

Fréier Hits
"Whatcha Say" war den éischten Hit vun dem Sänger aus Florida. Dat war am Joer 2009 a sollt direkt e Number One Hit ginn. Mat Lidder wéi "In My Head" oder awer och "Want to Want Me" konnt hien an de leschte Joren noleeën. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flo Rida, LunchMoney Lewis, Sean Paul 

Lauschtert eran: 
Jason Derulo