Eldoradio Exklusiv - 16. Mäerz Gavin James - I Don't Know Why (Danny Avila Remix)

De britesche Sänger Gavin James schafft hei mam spueneschen House- an Elektro-Produzent Danny Avila zesummen.

Leschten Update: 16.03.2017, 09:38:13

Fakten
De Gavin James staamt aus enger Famill mat laanger musikalescher Traditioun. Seng Urgrousselteren waren alle béid bekannt iresch Opernsänger a seng Schwëster ass Sängerin am Dubliner Gospelchouer.  Mat 8 Joer huet hien geléiert Gittar ze spillen, als Teenager war hien Sänger an enger Rockband a mat 18 huet hien mat eegene Optrëtter an iresche Pubs ugefaangen. 2012 hat hien mat "Hello" een éischte Internet-Hit deen et dunnoch bis an di iresch Charts gepackt huet, a schliisslech beim "Choice Music Prize2 als "Irish Song of the Year" ausgezeechent gouf. Nodeems hien mat "Remember Me" eng 2. Kéier an d'Charts komm ass, huet hien e Plackekontrakt bei enger grousser Firma ënnerschriwwen

Fréier Hits
I Don’t Know Why (Originalversioun), Nervous, Bitter Pill, Remember Me

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Matt Simons, JP Cooper, Milow

Lauschtert eran:

Links