Eldoradio Exklusiv - 20. Mäerz Just Us - Cloudbusting

2 amerikanesch Newcomer-DJ'en bréngen eng Clubversioun vum Kate Bush Klassiker eraus

Leschten Update: 20.03.2017, 06:57:00

Fakten
"Cloudbusting"  ass ee vun de bekanntsten Hits vun der britescher Sängerin Kate Bush. D'Single ass am Joer 1985 um Album "Hounds of Love"  eraus komm. Den Dj-Duo "Just Us" aus den USA presentéiert lo ee Remake vum Klassiker.

Aussergewéinleches
Schonn e puer Museker hu probéiert dem Kate Bush säin Hit ze coveren. D'Versioun vun "Just Us" ass awer besonnesch gelongen. Deen hypnotesche Bass an dee bekannte Songtext vun "Cloudbusting" maache Loscht matzesangen an ze -danzen. Mat Singelen wéi dëser dierft  "Just Us" eng grouss Karriäre an der House- a Club-Szene viru sech hunn.

Fréier Hits

Just Us ass een amerikaneschen Produzenten-Duo, deen aus den Dj'en Steven Lee a Carl Kennedy besteet. Réischt vru kuerzem hunn d'Museker ee grousse Kontrakt mat Parlophone Records a Warner Music ënnerschriwwen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:


Lauschtert eran: