Eldoradio Exklusiv - 23. Mäerz Jasmine Thompson - Mad World

Di britesch Sängerin covert den 80er Joeren Hit "Mad World"

Leschten Update: 23.03.2017, 18:13:40

Fakten
"Mad World", am Original vun der britescher Band Tears For Fears (1982), gouf schonn oft gecovert. Am bekanntsten ass d'Versioun vum Michael Andrews an Gary Jules fir de Soundtrack vum Film "Donnie Darko" 2001.
Och di britesch Sängerin Jasmine Tompson huet den Tears For Fears Hit lo gecovert.

Aussergewéinleches
Mat grad emol 13 Joer huet di jonk Sängerin iwwer Youtube op sech Opmierksam gemaach. Haut ass d'Jasmine Thompson e Youtube-Star. Iwwer 2,6 Millioune Leit hu säin Acount abonnéiert a seng Videoen hunn iwwer 360 Millioune Klicks. 


Fréier Hits
En éischten Hit an den Charts hat d'Jasmine Thompson mam Robin Schulz a "Sun Goes Down", am Joer 2004. "Ain't Nobody" mam Felix Jaehn sollt e Joer mi spéit de bis wëll gréissten Hit vun der Jonker Musekerin ginn. 


Lauschtert eran: