Eldoradio Exklusiv - 24. MäerzMattis - Loverboy

"Loverboy" ass d'Debutsingle vum dänesche Museker Mattis.

Leschten Update: 24.03.2017, 05:00:03

Fakten
De Mattis ass e Museker vu Kopenhagen dee mat Loverboy eng éischte Single presentéiert. Et ass eng Mëschung aus elektronescher Musek mat Pop-Elementer an enger souleger Stëmm. Hien selwer nennt säin Stil "Viking Soul". De Song kléngt düster an handelt vu senger eegener Vergaangenheet. Viru ronn 3 Joer ass hien mat senger Partnerin auserneen gaangen an eng Wunneng hat de Museker och net méi. Op de Couche vu Kollegen huet hien gehaust a sech mat Party duerchgeschloen. 


Aussergewéinleches
Bis wëll war de Mattis Jakobsen als Punk Rocker ënnerwee. Di Zäiten huet en awer elo hannert sech gelooss. Mat engem ganz anere Sound soll him elo den Duerchbroch glécken. 

Fréier Hits
"Loverboy" ass den éischten Hit vum Mattis.


Lauschtert eran: