Eldoradio Exklusiv - 27. MäerzTom Grennan - Praying

No "Something in the Water" presentéiert de britesche Songwriter eng weider Single

Leschten Update: 28.03.2017, 07:03:41

Fakten
Dem Tom Grennan seng Musek ass e Mix aus Blues, Soul a Pop. Dëse Sound kombinéiert hien mat senger wonnerbarer heesser Stëmm.

Aussergewéinleches
Et hätt och kënne sinn, dass mir den Tom Grennan ganz wou anescht begéint hätten. An der Premier League oder an der US Major League Soccer. Well dohin hätt et hien bal verschloen. Schonn als Teenager hat den Tom Grennan fir e puer Veräiner a Groussbritannien gespillt, hien war ganz kuerz virdrun, an d'USA ze goen, fir do Futtball-Profi ze ginn . Awer schliisslech huet hien sech fir eng musikalesch Carrière entscheed. Dës Decisioun dierft deen 21 Joer ale Sänger s Songwriter kaum bereien.

Fréier Hits
"Something in the Water" heescht säin éischte groussen Hit. Virdrun war hien schonn um Titel "All Goes Wrong" vum Londoner Elektro-Duo Chase & Status ze héieren.

Lauschtert eran: