Eldoradio Exklusiv - 28. MäerzKraftklub - Dein Lied

Kraftklub sinn zréck mat der éischter neier Single aus dem 3. Studioalbum "Keine Nacht für Niemand".

Leschten Update: 29.03.2017, 08:42:43

Fakten
Am Juni ass et sou wäit: Kraftklub bréngen hiren neien Album "Keine Nacht für Niemand" eraus. Mam "Dein Lied" gëtt et lo déi 1. nei Single.

Aussergewéinleches
2013 huet d'Band ënnert dem Numm "Kosmonaut Festival" zu Chemnitz een eegene Festival an d'Liewe geruff. Schonn am éischte Joer war de Festival mat 6.000 Visiteuren ausverkaaft. Fir 2014 gouf de Festival mat 10.000 Visiteuren op 2 Deeg verlängert.  2015 war de Festival och 2 Deeg.

Fréier Hits
2012 ass hiren Debütalbum "Mit K" eraus komm, 2014 koum ënnert dem Titel "In Schwarz" den Album Nummer 2. Kraftklub hunn an de leschte Joeren ausverkaaften Tournee'en gespillt. Hir Musek gouf e puer mol mat Gold a Platin ausgezeechent.

Lauschtert eran: