Eldoradio Exklusiv - 29. MäerzPortugal. The Man - Feel It Still

Portugal. The Man ginn mat "Feel It Still" een éischten Abléck an hiren neien Album "Woodstock".

Leschten Update: 30.03.2017, 06:11:11

Fakten
"Feel It Still" ass deen éischte Virgeschmaach op deen neien, 8. Album vun Portugal. The Man, zu deem d'Band lo och Detailer bekannt ginn huet. Den Album wäert "Woodstock" heeschen, ass zesumme mat ugesote Produzenten wéi John Hill, Danger Mouse, a Mike D entstanen a wäert nach dëst Joer eraus kommen.

Aussergewéinleches
Nom leschten Album "Evil Friends" (2013) haten P.TM eigentlech un engem neien Album mam Numm "Gloomin + Doomin" geschafft. No 3 Joer Aarbecht hunn si awer festgestallt, dass den Album net stëmmeg war. Si hunn dee komplette Projet verworf an ënnert dem Titel "Woodstock" een neie Projet ugefaangen – ee Wierk, an deem dat aktuellt kulturellt a politescht Klima verhandelt gëtt.

Fréier Hits
Portugal.The Man si vrun allem an der Indieszene e Begrëff, si hunn et awer ënner anerem mat hirem leschten Album "Evil Friends" och an di amerikanesch an europäesch Charts gepackt.

Lauschtert eran: