
Den Joe Goddard ass DJ, Produzent, Songwriter Remixer, Member vun de Bands Hot Chip an 2 Bears , an Solokënschtler. Den Titel "Home" ass di aktuell Single vun sengem aktuellen Solo-Album "Electric Lines". Hei kombinéiert den Joe Goddard Soul, Groove an Dancefloor. D'Vocals staamen vum villverspriechenden Newcomer Daniel Wilson, deen zejoert schonn mat The Weeknd a mam Kendrick Lamar de Song "Sidewalks" geschriwwen huet. Och bei "Home" huet hien sech um Songwriting bedeelegt.
Aussergewéinleches
Dem Joe Goddard säi Soloalbum „Electric Lines“ dréit sech ëm Verbindungen. Den Titel bezitt sech souwuel op di faarweg Kabelen, déi d'Modulen a sengem Synthesizer verbannen, wéi och op di onsichtbar Leitungen, déi tëscht deene verschiddenen elektronesche Museksstiler verlafen.
Fréier Hits
Den Joe Goddard hat mat der Band Hot Chip ënner anerem Hits wéi "Ready for the Floor" an "Boy From School"
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hot Chip, The 2 Bears, Tensnake
Lauschtert eran: