Eldoradio Exklusiv - 28. AbrëllParamore - Hard Times

Paramore presentéieren déi éischt Singel vum neien Album "After Laughter".

Leschten Update: 29.04.2017, 07:05:00

Fakten
Paramore ass eng Alternativ-Rock-Band déi am Joer 2004 am Tennessee gegrënnt gouf. Frontwoman a Sängerin ass d'Hayley Williams. Den 12. Mee 2017 soll den neien Album vu Paramore eraus kommen. "After Laughter" ass deen éischten Album vun der Band, zanter dass den Jeremy Davis d'Grupp verlooss huet. "Hard Times" soll ee klénge Virgeschmaach op den Album bidden.

Fréier Hits
Zanter dem Release vum Album „All We Know Is Falling“ am Joer 2005 hat d'Band e sëllechen Hits - dorënner „Misery Business“, „Crushcrushcrush“, „That’s What You Get“, „Decode“ vum Soundtrack zu „Twilight“, „The Only Exception“ an „Monster“ aus dem Soundtrack zu „Transformers: Dark of the Moon“.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
30 Seconds To Mars, Twenty One Pilots, Good Charlotte

Lauschtert eran: