Eldoradio Exklusiv - 02. MeeOneRepublic - No Vacancy

OneRepublic melle sech zréck mat der éischter Single aus deem neien Album.

Leschten Update: 03.05.2017, 05:06:21

Fakten
Réischt viru 6 Méint hu OneRepublic hiren Album “Oh My My” eraus bruecht. De Frontmann Ryan Tedder a seng Bandkollegen hunn zanterhier awer schonn nei Lidder fir hire 5. Studioalbum geschriwwen. Leschte Freideg huet d'Band eng éischt nei Single mam Titel  “No Vacancy” eraus bruecht. Een neien Album soll nach dëst Joer eraus kommen. De Quintett geet am Summer och nees op  Tour an Nordamerika a Kanada. Ob a wéini si zréck op Lëtzebuerg kommen, ass nach net gewosst.

Aussergewéinleches
D'Jongen vun OneRepublic hunn virun 15 Joer zesumme fonnt. De Frontmann Ryan Tedder schreift net just fir seng eege Band, mee och fir aner Kënschtler Nummer-1-Singelen. Hien ass ënner anerem fir vill vum Adele sengen Hits responsabel. Mëttlerweil konzentréiert sech de Frontmann awer nees op seng eege Band.

Fréier Hits
OneRepublic kucken op e sëllechen Hits zréck - dorënner "Love Runs Out", "Counting Stars" an "If I Lose myself"

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Script, The Fray, Bastille

Lauschtert eran: